Luxtex huet am Laf vum leschte Joer hir grouss Gamme BACHO hei zu Lëtzebuerg op de Marché bruecht, an si wollten een Deel vun hirem Benefice deen Sie aus dem Verkaf vun deene schéine grousse Gras-Skulpturen hunn, weider ginn.

Fir Luxtex war et wichteg dass des Donatioun un Kanner geet, déi net esou vill Chance am Liewen hunn, an an hire jonke Joren ee ganz schwéieren an zum Deel och laange Wee musse goen. Dofir hunn si ee Scheck an Héicht vun 2.000.-€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht.