Am Kader vum Broschtkriibsmount ‘Rosa Oktober’ hunn Mara Cruciani an d’Fiona Wagner den Akommes vun der Ausstellung ‘Crochet et Dessin solidaire’ vum Mount Oktober un d'Fondation Cancer gespent.

Si verkafe selwergemaachen Heekel-Kreatiounen a gemoolte Konschtwierker op dëser Ausstellung. Duerch dës Aktioun konnt eng Zomm vun 1.326 € un d‘Fondation Cancer iwwerreecht ginn.

D’Directrice, Lucienne Thommes, huet allen Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung déi et der Fondation Cancer erméiglecht hir Missiounen ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen. »