Am Kader vum Weltkriibsdag huet de Cactus sech fir d’Präventioun engagéiert!

Wärend dem ganzen Dag sinn 2,5 €, pro Verkaf vu mindestens 5 verschiddenen Uebst- a Geméis-Produit’en, un d’Fondation Cancer gespent ginn. Dank dëser Aktioun konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 15.000 € iwwerreecht ginn. D’Direktesch, Lucienne Thommes, seet dem Cactus, awer och der Clientèle vum Cactus déi sech deen Dag dozou entscheet huet gesond a frësch Produit’en ze kafe fir d’Fondation Cancer ze ënnerstëtzen, häerzlech Merci:

“Präventioun ass villverspriechend an effektiv am Kampf géint de Kriibs. Andeems een en gesonde Liewensstil féiert, kann een d’Chancen op eng Kriibserkrankung geréng halen. Zu engem gesonde Liewensstil gehéiert natierlech och eng gesond Ernierung mat vill Uebst a Geméis. Dofir soën mir Merci fir dest flott Aktioun. “

Marc Hoffmann, Marketing- a Geschäftsdirekter vum Cactus:

« L'engagement sociétal est l'un des huit piliers de l’enseigne Cactus. Ainsi depuis longue date, nous participons par exemple à des actions de collectes de dons et de denrées alimentaires pour apporter notre aide aux plus démunis ou aux personnes atteintes de maladies. À cet égard, nous soutenons activement des causes comme celle de la Fondation Cancer. La campagne de sensibilisation d’une alimentation saine et variée organisée en date du 4 février 2021 en tripartite Fondation Cancer, Cactus et surtout notre clientèle a été un franc succès et nous nous engageons déjà aujourd’hui à la réitérer en 2022. »