Tombolae fir Chrëschtdag, Kuchverkaf op Floumäert oder op aneren Evenementer. D'Sonja Casquilho notz vill Méiglechkeeten, fir Sue fir de gudden Zweck ze sammelen.

„D’Sonja Casquilho ass eng laangjäreg Fräiwëlleg vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner an awer och eng ganz léif Bomi déi hirer kranker Enkelin versprach hat sech géint de Kannerkriibs anzesetzen. D’Sonja an seng Famill schaffen elo schonns 10 Joer laang mat groussem Asaz fir d’Fondatioun duerch hier sëlleg Aktiounen: se verkafen op Floumäert, baken ganz lecker Kichelcher, organiséieren fir Chrëschtdeeg flott Tombolaen an de gesammelten Erléis gëtt ëmmer gespent. Esou huet Sonja iwwert déi ganz Joren der Fondatioun Kriibskrank Kanner de stolze Betrag vun 37.517,65.- gespent.

E Rise grousse Merci un déi ganz Famill a Frënn dat si sech schonn esou laang esou tatkräfteg asetzen.“ www.fondatioun.lu

En vous remerciant pour votre intérêt.