D’Spende gi jeeweils 25% un d’Kriibspatiente vum CHdN, d’Fondatioun Kriibskrank Kanner, d’Trauerwee ASBL an d’Associatioun Een Häerz fir kriibskrank Kanner

De Centre Hospitalier du Nord huet am Oktober 2020 seng zweet Sensibiliséierungscampagne géint de Kriibs lancéiert, eng Krankheet, déi all Joer ronn 1.100 Mënschen hei zu Lëtzebuerg d’Liewe kascht. Duerch d’Pandemie war d’Ekipp awer zimmlech limitéiert bei hirer Campagne an huet sech mussen eppes Neies afale loossen.

Eng vun hire Solidaritéitsaktioune war de sougenannten #Gléckssteen, bei deem d’Leit dozou opgefuerdert goufen, e Steen unzemolen als Zeeche vun hirer Solidaritéit mat Kriibspatienten, hiren Enksten a Mënschen, déi eng Persoun un de Kriibs verluer hunn. Des weidere goufe sou och Spende gesammelt, woubäi bis elo ganzer 24.960 Euro zesummekoumen.

Niewent hirem Opruff un de Grand Public huet sech de CHdN och un eng Rëtsch Lëtzebuerger Kënschtler geriicht. Am Ganzen hunn 30 Kënschtler matgemaach an e Stéck gestëft. Dës kann een elo als Ausstellung bis de 5. Mee an de CAPE op Ettelbréck kucke goen.