Am Ganzen hunn d'Fraen a Mamme vu Colmer-Bierg 4.000 Euro gesammelt, déi si fir gutt Wierker spenden.

Sou konnten d'Martine Wirtz an d'Catia Carvalho e Scheck vun 2.000 Euro fir d'Vereenegung "Trauerwee" entgéinthuelen. Fir de weidere Scheck vun 2.000 Euro huet den Abbé Romain Richer an zugläich President vun der Landjugend a Jong Bauere Merci gesot, dee fir d'Ënnerstëtzung vun de "Wiewerinne" am Zambéle am Burkino Faso gebraucht gëtt.