Am Kader vun engem Schoulprojet aus dem Atert-Lycée Réiden hunn de Bob zesumme mat sengem Brudder Joé d’Mini-Entreprise Delli’cious gegrënnt.

Delli’cious verkeeft regionalen a lokalen Sirop mat natierleche Friichten an ouni chemesch Geschmaachsverstäerker. D‘Friichten déi aus ästhetesche Grënn net méi hätt kënnen verkaft ginn, gi vun Delli’cious ze Sirop verschafft fir esou géint de Gaspillage alimentaire virzegoen. De kompletten Erléis vun 150 verkaafte Sirop-Fläschen ass un d’Fondation Cancer gespent gi mam Zil, och eppes zur Lutte géint de Kriibs bäizedroen. D‘Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, huet Delli’cious häerzlech Merci gesot fir dëse genereisen Geste an den Engagement. D’Zomm vun 1 050 € wäert derzou bäidroe fir d'Missioune vun der Fondation Cancer weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.