"Once upon a knot" ass vum Nina Ries an d'Liewe geruff ginn, well si mat hirer Passioun zum Macramé de Leit dobaussen hir flott Saache méi no wëll bréngen. En Deel vun de Verkeef spent d'Nina Ries ëmmer fir de gudden Zweck, an esou huet d'Fondatioun Kriibskrank Kanner ee Scheck vu 500€ iwwerreecht kritt. D'Fondatioun seet dem Nina Ries ee grousse Merci.