Uganks 2020 haten d'Schüler vun enger 3ième aus dem Lycée Hubert Clément dës Zomm aus dem Verkaf vun Tickete fir eng Party gesammelt.

D'Schüler vun der Optioun Bénévolat 3ième vum Joer 2019/2020 aus dem Lycée Hubert Clément, haten Ufanks 2020 eng Schüler-Party fir déi niddereg Klassen 7ième-4ème organiséiert. Déi gesammelt Sue sollen un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent ginn. Leider konnt dëst awer wéinst de Covid-19 Restriktiounen net statt fannen. Ee groussen Deel vun den Tickets goufen awer schonns virum Lockdown verkaf. Et gouf een Opruff gemaach, ob déijéineg, déi hiren Ticket schonns kaf haten, hir Sue wéilten erëm kréien oder se wéilte spenden. Well dorops hin keng Réckmeldung komm ass a soumat jiddereen averstane war d'Suen ze spenden, ass eng Zomme vun+/- 450 Euro zesumme komm. Wéinst den Ëmstänn konnten och dëst Schouljoer net wéi gewéinlech grouss Projeten organiséiert ginn, wéi zum Beispill, Nomëtteger an engem Altersheim oder Aktivitéiten an engem Flüchtlingsheem. Dofir huet de Grupp vun de Schüler vun der 3ième Optioun Benevolat vum Joer 2020/2021 sech iwwerluecht d'Autoe vun de Proffen aus dem LHCE ze wäschen an déi gesammelt Suen zesumme mat de Sue vun der Schüler-Party  un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner ze spenden. Wat dann zu enger gesamter Zomme vun 1000 Euro ginn ass, déi dann un d'Fondatioun weider ginn ass.

D'Fondatioun Kriibskrank Kanner seet den Schüler an hiren Enseignanten Merci fir hiert Engagement.