Médecins du Monde gëtt vu Benevolle bedriwwen an ass och nach an der Stad Lëtzebuerg an zu Weiler-la-Tour aktiv.

ESCH-SUR-ALZETTE den 08.Juli 2021  Duebel Scheckiwwerreechung vun den Escher Service-Clubs Soroptimistes an Kiwanis International. 

Déi 2 Service-Clubs Soroptimistes an Kiwanis International vun Esch/Uelzecht hu sech getraff fir eng gemeinsam duebel Scheckiwwerreechung zugonschten vun der Organisatioun „Dokteren vun der Welt“, an hirem Siège zu Esch-Uelzecht. 

Duerch perséinlech Spendenaktiounen bei Geleeënheet vun private Feieren (Pensiounsfeier, Gebuertsdag) sinn eng Kéier insgesamt 8800,- respektiv 2800,-€ gesammelt ginn, an konnten elo, no engem Pandemie-bedéngten Retard un déi Lëtzebuerger Organisatioun „Médecins du Monde“ iwwerreecht ginn. 

Domat wollten d’Auteuren vun de Sammelaktiounen, an d’Comitéen vun de Service-Clibb enger lokaler Organisatioun weiderhëllefen, fir ob medezineschem Plang déi Leit ze behandelen, déi hei am Land net vun eiser Sozialversécherung kënne profitéieren. 

Médecins du Monde gëtt vun Benevol’en bedriwwen an ass och nach an der Stad Lëtzebuerg an zu Weiler-la-Tour aktiv!