Duerch eng Spendenaktioun vun der Firma IT Solutions for You (ITS4U) sinn 1.000 Euro fir d'Fondation Cancer zesummekomm.

D'Firma IT Solutions for You (ITS4U) huet eng solidaresch Spendenaktioun mat hire Mataarbechter organiséiert, andeems si Iessens-Bonge gesammelt hunn. D’Zomm vun dësen Iessens-Bongen, déi sech um Enn op 1.000 Euro belaf huet, ass der Fondation Cancer gespent ginn.

D'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet allen Bedeelegte vun dëser Spendenaktioun härzlech Merci gesot! Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d'Missioune vun der Fondation Cancer ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.