Flott Musek, Leit vun alle Generatiounen déi danzen an en amüsanten Owend fir de gudden Zweck.

Fir déi 8t Editioun vum Let’z Rock Against Cancer hunn d’Bands Mad Fox an Timeless d’Mauere vun der Rockhal zum vibréiere bruecht!

Säit 2013 organiséiert eng Grupp Mataarbechter vu Swiss Life Global Solutions dëse flotte Concert mat groussem Erfolleg. D’Einname vun dësem Solidaritéits-Event ginn integral gespent.

Der Fondation Cancer gouf eng Zomm vun 19.750 € iwwerreecht als Ënnerstëtzung fir den alldeegleche Kampf géint Kriibs. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet allen Benevollen, Organisateuren, Sponsoren, Museker awer och Participant’en häerzlech Merci gesot. Domat kann d‘Fondation Cancer hir Missioune weiderhin realiséieren: Informéieren, Hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Let'z Rock Against Cancer - 19 750,00 € pour soutenir la Fondation Cancer

Pour la 8ᵉ édition de Let's Rock Against Cancer, les groupes Mad Fox et Timeless ont fait vibrer les murs de la Rockhal! Depuis 2013, les employés de Swiss Life Global Solutions organisent ce concert avec beaucoup de succès.

Les bénéfices sont intégralement reversés et c’est ainsi qu’un don de 19 750 € a été dédié à la Fondation Cancer pour soutenir la lutte contre le cancer.

Lucienne Thommes, directrice de la Fondation Cancer, a remercié tous les bénévoles, organisateurs, sponsors, musiciens et participants pour leur engagement impressionnant et le soutien fidèle.