Fir trotz dem Ofsoe vun hiren Tournoie Sue fir de gudden Zweck ze sammelen, huet d'Mammejongen ASBL am Joer 2020 dräi Mol fir hir Memberen an och Net-Memberen gekacht a Kalennere verkaf. Esou ass et hinnen trotz engem schwéiere Joer gelongen e Scheck vun 9.000 € un d'Schrëtt fir Schrëtt ASBL z'iwwerreechen.

D'Schreiwes

9.000 € vun der Mammejongen ASBL fir d’Schrëtt fir Schrëtt ASBL

2020 war fir keen en einfacht Joer a soumat och net fir eis als Mammejongen ASBL déi vun Evenementer lieft bei deene vill Läit beienee kommen an eng gutt Zäit verbréngen. Opgrond vun de Mesurë fir de Virus ze bekämpfen, war et ons am leschte Joer net méiglech eis Tournoien (Petanque, Futtball an Darts) ze organiséieren. Dëst war en haarde Schlag a mir hunn eis missen nei erfanne fir alternativ Eventer ze organiséieren a soumat Sue fir de gudden Zweck ze sammelen.

Sou si mer op d’Idee komm d’Leit ze bekachen an hinne de Kascht bis virun d‘Dier ze bréngen. Eis Memberen an och Net-Memberen hunn dëst appreciéiert an hu fläisseg bei eis bestallt. Am ganzen 3 mol hu mer fir d’Leit am Joer 2020 gekacht a konnte soumat wichteg Recettë generéieren. Eng wieder Recette huet eis de Verkaf vu Kalenneren erabruecht, bei deenen d’Biller vun de Kanner vun der Schrëtt fir Schrëtt ASBL gemoolt goufen.
Weider wëlle mer e grousse Merci un eis trei Membere soen déi duerch de Kaf vu Memberskaarten a vu weideren Don’en eis dat ganzt Joer iwwer ënnerstëtzt hunn.

Esou ass et eis um Enn gelongen, trotz dem schwéiere Joer, e Cheque vun 9.000 € un d’Schrëtt fir Schrëtt ASBL ze iwwerreechen. Et mécht eis stolz der Schrëtt fir Schrëtt ASBL esou kënnen ënnert d’Äerm ze gräifen a se bei hirer exzellenter a wichteger Aarbecht finanziell ze ënnerstëtzten (https://www.schrett-fir-schrett.lu).

Am Joer 2021 war nees e bësse méi méiglech wéi am Joer 2020 sou dat mer bei direkt e puer flotte Geleeënheeten d’Lait bekache konnten. Et war eis souguer méiglech en eegenen Tournoi ze organiséieren. An de nächste Wochen wäerte mer an engem Communiqué de Montant vun der Spend vum Joer 2021 matdeelen.

Fir 2022 sinn nees Dëschkalenneren a Kooperatioun mat der Schrëtt fir Schrëtt ASBL produzéiert ginn. Sidd dir un esou engem interesséiert oder hudd eng aner Fro un eis, da kënnt der eis gären iwwer Facebook oder per Mail (mammejongen@gmail.com) kontaktéieren.