De Lions Club Viaduc hat trotz Wand a Reen am Oktober e Vide-Dressing um Glacis organiséiert – den éischte vun dëser Zort fir dëse Club, dee fir gutt Zwecker Sue sammelt. Trotz dem extrem schlechte Wieder huet d’Ekipp den Dag eng Kollekt vun € 1.500 gemaach. De Lions Club Viaduc huet en Dënschdeg de Scheck vun €1.500 un d’ ondation Christoffel Blannenmissioun Luxembourg iwwerreecht. Dësen Don gëtt benotzt, fir Projeten ze finanzéieren, déi Leit mat enger visueller Behënnerung an Entwécklungslänner ze hëllefen, an dat am Angola, Laos an Madagaskar.