Mat der Spend soll Kanner dobäi gehollef ginn, an engem geschützten Ëmfeld opzewuessen, an deem si sech fräi entwéckele kënnen.

E Mëttwoch huet Goodyear der Organisatioun "SOS Villages d'Enfants Monde" e Scheck am Wäert vu 14.894 Euro iwwerreecht, dee ronn 350 Kanner an der Stad Pikine am Senegal soll zegutt kommen. Goodyear hat de Projet vun den SOS Kannerdierfer och schonn an de Joren 2020 an 2021 ënnerstëtzt.