Am Kader vum Broschtkriibsmount "Rosa Oktober" hunn Mara Cruciani an d’Fiona Wagner d'Akommes vun der Ausstellung "Crochet et Dessin solidaire" un d'Fondation Cancer gespent.

Op dëser Ausstellung gi selwergemaachen Heekel-Kreatiounen a gemoolte Konschtwierker verkaf. Duerch dës Solidaritéits-Aktioun konnt eng Zomm vun 1.100 € un d‘Fondation Cancer iwwerreecht ginn. D’Direktesch, Lucienne Thommes, huet dem Mara an dem Fiona häerzlech Merci gesot fir hir onermiddlech Ënnerstëtzung. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune wieder ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.