E Freideg den Owend huet den HB Bieles a Presenz vum Schäfferot souwéi vun eise Spiller aus allen Ekippen de Scheck un d’Caritas iwwerreecht, dëst am Kader vun eiser Aktioun WE SHOW OUR SUPPORT.

D’Aktioun war de Weekend vum 26. & 27. Februar. Fir all Gol vun eise Senior- a Jugendekippen esou wéi och vun de Géignerekippen huet den HBB 5€ gespent. Zousätzlech gouf fir all Gedrénks en Don vun 1€ gemaach. Och vill Leit hu sech mat generéisen Donen un eiser Aktioun bedeelegt.

Mir sinn houfreg um Enn e Scheck vun 3.333€ konnten ze iwwerreechen. E grousse Merci u jidderee fir seng Ënnerstëtzung.