D'Laly, seng Bridder, seng Frënn a Frëndinnen hu mam Verkaf vu Muffinnen, Panescher, Eisekuchen a Gedrénks op hirem Stroossefest mat Kannerconcert déi super Zomm vun 1.200 Euro zesummegesammelt an un den Télévie gespent.

E grousse Merci un d'Famill, d'Frënn an d'Noperen, déi eng Hand mat ugepaakt hunn an op d'Fest komm sinn, fir eis Aktioun ze ënnerstëtzen.