„Mir wollten eppes organiséieren, wat Sënn mécht“ - Jonathan Sauvey a Gilles Pireaux

Am Aklang mat hirem reegelméissegen Engagement wärend dem Relais pour la Vie hunn d’Membere vun der Sportsgrupp vun der Banque Internationale à Luxembourg (BIL) sech fir eng Course mobiliséiert an den Erléis un d‘Fondation Cancer gespent. Duerch dës Solidaritéits-Aktioun konnt eng Zomm vun 1.000 € un d‘Fondation Cancer iwwerreecht ginn. D’Direktesch, Lucienne Thommes, huet allen Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir onermiddlech Ënnerstëtzung. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.