D'Schëfflenger Kriibshëllef huet 4.000 € gespent fir d'Aktioune vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.

Op Wonsch vun der Schëfflenger Kriibshëllef ginn 2.000 € fir d'Ënnerstëtzung vun der Kriibsfuerschung zougewisen, an 2.000 € gi benotzt fir ukrainesche Patienten ze hëllefen.

D'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, ass vun der Schëfflenger Kriibshëllef am Kader vun hirer Generalversammlung invitéiert ginn, fir de Scheck kënnen entgéint ze huelen.

„Et wiermt engem d'Häerz ze gesinn, datt d‘Awunner vun enger ganzer Gemeng sech alleguer fir dat selwecht Zil asetzen. E ganz grousse Merci fir dëse Solidaritéits-Geste!“