170 Schüler am Alter tëschent 5 a 7 Joer hunn a Begleedung vun hirem Léierpersonal un engem Trëppeltour deelgeholl, deen d'Bartrenger Schoul "Am Beiestack" am Mäerz organiséiert huet.

Dank generéise Spende vun den Elteren, hunn d'Schüler eng Zomm vun 1.799 € fir d'Fondation Cancer gesammelt.
D'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, ass an der Paus an d'Schoul gaangen, fir allen Bedeelegten fir dës flott Initiativ ze gratuléieren a Merci ze soen. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen et der Fondation Cancer d'Patienten an d'Fuerschung weiderhin ze ënnerstëtzen.