Fir hir Solidaritéit mat Kriibspatienten ze weisen, hunn de Claude, Mike, Lucas, Francesco an den Nicolas, eng solidaresch Aktioun geplangt.

Si hunn d‘Grupp Walk4People gegrënnt an sech enger aussergewéinlecher Erausfuerderung gestallt: Vum Süden bis an de Norde vu Lëtzebuerg trëppelen, an dat ganzt a 24 Stonnen. Déi 4 Kolleege sinn also an engem Dag méi wéi 100 Kilometer fir de gudden Zweck getrëppelt!

Am Kader vun dëser Aktioun konnt eng Zomm vun 2.255 € gesammelt gi an d’Grupp Walk4People huet sech decidéiert dësen Erléis der Fondation Cancer ze spenden. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet häerzlech Merci gesot a gratuléiert fir dës super Leeschtung. Dës Initiativen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune wieder ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.