De Ladies First Sportsclub huet, a Gedanken un hir gutt Frëndin d’Daphne Wit, ee Scheck vu 500 € un d‘Fondation Cancer iwwerreecht.

Déi Spende sinn zesumme komm duerch den Erléis vun den Outdoor-Workoute vum Ladies First Sportsclub.

D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet ee grousse Merci fir dës generéis Spend an d'Vertrauen an d'Aarbecht vun der Fondation Cancer ausgeschwat. De Verloscht vun enger Persoun aus dem enken Ëmfeld mat engem Don ze verbannen ass e wonnerbare Geste vun Hoffnung am engem Moment vun Trauer.

Dës Initiativen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune wieder ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.