D'Landjugend Uewersauer huet dëst d'Joer de 26. Mee déi 46. Editioun vum Landjugenddag zu Harel organiséiert. D'Landjugend huet decidéiert, d'Sue vum Affer aus der traditioneller Jugendmass der ASBL „Een Häerz fir kriibskrank Kanner" ze spenden. De generéisen Don vun 1.500 € gouf iwwerreecht vun der Landjugend un Een Häerz fir kriibskrank Kanner bei hirem Merciiessen zu Béiwen.