D'Firma CreaHaus huet dëse Samschdeg, den 10. September, en Fussballturnéier fir de gudden Zweck organiséiert.

Jiddereng vun de 16 deelhuelenden Ekippen hate virum Turnéier eng Associatioun ausgewielt, déi am Fall vun enger Victoire eng generéis Spend kritt.

D’Ekipp Valente Carrelage huet schlussendlech den Tournoi gewonnen. Bravo fir dës Leeschtung!

Sie haten decidéiert d'Fondation Cancer mat hirer Spend z'ënnerstëtzen. Duerch hir Victoire konnte 6.400 € gespent ginn. Dës Zomm ass zustane komm duerch d‘Umeldung vun den Ekippe souwéi den Erléis vun der Tombola. Dëse Scheck, dee vum Direkter vun CreaHaus, dem Här Laurent Olmedo, souwéi dem Kapitän vun der Ekipp, dem Här Rafael Valente, iwwerreecht gouf, erméiglecht der Fondation Cancer hir Missioune wieder ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

D'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer huet dem Gewënnerteam souwéi der Firma CreaHaus fir dës flott Initiativ häerzlech gratuléiert.

P.S.: D’Ekippen LuxFermetures an Cardoso Antonio haten och d'Fondation Cancer fir hier Spent ausgewielt falls si den Tournoi gewannen. Leider ass et dëst Joer nach net duergaange fir op de Podium ze kommen, d'Fondation Cancer dréckt d’Daume fir 2023.