Dëst Joer konnten erëm 3.959 Leefer aus 287 Betriber beim Luxembourg Times BusinessRun deelhuelen. Si sinn zesummen eng Course vu 5,5 Kilometer ronderëm d'Coque gelaf.

Pro Participant, deen an der Coque matgelaf ass, huet de Luxembourg Times BusinessRun d'Fondation Cancer mat 2 Euro ënnerstëtzt. An fir all virtuelle Leefer ass nach eng Spent vu 5 Euro bäikomm.

Nieft de Spende vun den Organisateuren konnten och d'Participante BusinessRun-Heroes ginn, andeems si sech och mat engem Don bedeelegt hunn. Si kruten e speziellen Dossard fir d'Course, deen hiren Engagement gewisen huet.

Esou koum eng Zomm vu 25.758 Euro zesumme fir d'Fondation Cancer.

D'Dr. Carole Bauer huet de Participanten, dem Organisateur, de Sponsoren an all de Betriber häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.