Dëse Samschdeg war déi 4. Editioun vum Relais du Rire am Centre culturel Aalt Stadhaus zu Déifferdeng.

Um Programm war e lëschtegt Standup-Event wou de Leit en Laachen an d’Gesiicht gezaubert huet. Duerch de Relais du Rire konnt dëst Joer eng Zomm vun 1.400 € un d'Fondation Cancer gespent ginn.

D’Präsidentin vun der Fondation Cancer, Dr. Carole Bauer, huet dem Alex Monteiro häerzlech Merci gesot fir säin onermiddlecht Engagement, an och de Komiker Ben Is, Sofiane Ettaï, Rach Calame a Chulien Strelzyk fir dësen amüsanten Owend. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer weiderhi gratis Offere fir Patienten an hir Familljen unzebidden.