Préizerdaul: Fraen a Mammen aus der Par Aterdall Sainte- Claire haten dëst Joer erëm Wëscher gebonnen an de 15. August verkaaft.

Den Erléis hu si fir den HM Waasser- Projet am Madagaskar gespent. Viru kuerzem war de Frère Joseph Randrianaimanga SCJ aus Madagaskar am Préizerdaul op Besuch, fir de Scheck vun 2 000 Euros entgéint ze huelen an och säi Projet virzestellen. Et geet dorëms, a verschidden Dierfer, déi ouni proppert Waasser sinn, Wasserpëtzen ze gruewen, déi hinnen hëllefen, iwwert d’Drécheperioden ewechzekommen, ouni Hab a Gutt mussen ze verkafen fir Waasser kënnen ze kréien. Bis elo si scho 5 esou Pëtzer mat der Erlabnis vun de lokalen Autoritéiten dohannen gegruewe ginn, vun deenen déi Äermst vun deenen Aarmen gratis kënne profitéieren. Dat ass nämlech de Sënn vum Heimat und Mission Waasser- Projet am Madagaskar.Et geet net drëm grouss an deier Infrastrukturen ze bauen, dat muss de Staat mat hiren ONGen maachen, déi oft an enger éischter Entwécklungsphas vergiess ginn, fir den Äermsten ze hëllefen. Am Numm vun de Fraen a Mammen Par Atertdall Sainte- Claire huet Mme Joke de Kroon dem Fr. Joseph vu Clairefontaine de Scheck vun 2 000 Euro iwwerreecht an e Wësch, fir him ze erklären, ëm wat dat et geet. Kuerz virum Missiounssonndeg waren d’Leit déi komm waren, beandrockt, wat een alles ka maachen mat wéineg Geld, wann een déi richteg Leit op der richteger Plaz huet. De Fr Joseph schafft zesummen mat den Amis des Pauvres déi hien am Madagaskar gegrënnt huet, mat de Paren, a mat de Conférences Saint Paul, hei am Madagaskar. Allen Fraen a Mammen, an allen déi hinnen gehollef hunn, en häerzleche Merci fir dësen Asaz.

(Foto: Charles Reiser)