E puer Deeg am Joer nëmmen un aner denken

Préizerdaul: Di nach relativ jonk Vereenegung „Hëllef maach Mat" ass als eegenstännige Veräin, 2018 gegrënnt gin, an ass zesummegestallt aus benevol Memberen, versicht all Joers e Solidaritéitsprojekt fir Mënschen an Nout, oder mat enger Behënnerung zu ënnerstëtzen. Der Vereenegung hirt Ziel, e puer Deeg am Joer, fir de gudden Zweck fräiwëlleg ze schaffen an dommadder Suen fir aaner ze sammelen. Viru kurzem hun d'Memberen vun „ Hëllef maach Mat" mat hirem President Henri Reding am Kader vun enger klenger Feier am Préizerdaul, den Erléis vun zwéin Grillstänn, engem Galaowend an enger Lotterie, e Scheck vun 1 500 Euro, un den Léon Kraus, President vun der Vereenegung" Noël de la Rue" iwergin. No senge Wierder vu Merci, huet hien di national Vereenegung, déi elo zënter 40 Joer besteet, wou Freiwëlleger sech duefir asetzen, fir Mënschen vun der Strooss mat enger warmer Moolzecht , Animatioun a Geschenker e schéine Chrëschtdag ze erméiglichen. (CR ) (Foto: Charles Reiser)