Am Kader vum Broschtkriibsmount Oktober huet d'KPMG eng Challenge organiséiert, déi mat engem Don un d'Fondation Cancer gekoppelt war.

Wärend engem Dag hu si all d'Schrëtt vun hire Mataarbechter zesummegezielt: am Ganzen hunn 41 Mataarbechter 260.000 Schrëtt gemaach. Esou koum eng Zomm vun 3.000 Euro zesummen, déi der Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, iwwerreecht goufen. E grousse Merci un all Bedeelegten, dës Aktioun erméiglecht der Fondation Cancer weiderhi Famillje, wou d'Elteren u Kriibs erkrankt si, am Alldag ze ënnerstëtzen.