Concept Partners huet an dräi vun hire Restaurante verschidde Solidaritéitsaktiounen organiséiert, fir d'Fondation Cancer z'ënnerstëtzen.

D'Schreiwes vu Fondation Cancer

SI HU GESPENT – CONCEPT PARTNERS

1.336,93 € fir d'Fondation Cancer

Concept Partners huet decidéiert d’Fondation Cancer ze ënnerstëtzen andeems si an dräi Restaurant’en verschidde Solidaritéits-Aktioune lancéiert hunn. Am Restaurant Bowls ass Kaffi a Kuch verkaf ginn, am Restaurant Beim Méchel konnt een ënner Beweis stelle wéi fit een ass andeems ee Burpees gemaach huet fir de gudden Zweck an am Restaurant Parc Le’h ass en Charity-Concert organiséiert ginn.

Am Kader vun dësen Aktioune konnt eng Zomm vun 1.336,93 € gesammelt ginn. D’Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, huet dem Matthew de Cae an allen Bedeelegte bei enger Scheckiwwerreechung an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer häerzlech Merci gesot. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune wieder ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.