Am Kader vum Weltkriibsdag huet d’École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg vun Dikrech eng Solidaritéits-Aktioun fir d’Fondation Cancer gestart.

Tëschent dem 23. Januar an dem 1. Februar ass am RestaurantPop Up Convict an der Staat all Gaascht ugebuede gi, en Don zugonschte vun der Fondation Cancer ze maachen.

Dank dëser Aktioun konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 550 € iwwerreecht ginn. D’Direktesch, Lucienne Thommes, huet allen Bedeelegten, wärend engem Mëttegiessen am neie Restaurant, häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d'Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.