
© Charel Reiser
Mam Heischter-Mëtteg vum 27. November dat lescht Joer, dee vun de Fraen a Mammen Heischent-Toodler, Réngel, Merscheet an Heischtergronn organiséiert gi war, huet en beachtlechen Erfolleg kannt.
Och mam Verkaf vu selwer gebastelte Chrëschtdekoratiounen ass bei de Leit op grousst Interesse gestouss. Am Kader vun der Scheckiwwerreechung di viru kuerzem an der Buvette vum Tennis zu Heischent stattfonnt huet, ass an treffende Wieder, op den oprichtige Merci un all benevole Memberen, de Komitteesleit mat alle Bedeeligten fir hiren tatkräftigen Aasatz bei desem Adventsevent higewisse gin. De Scheck vun 4 000 Euro, den den Erléis vum Dag duerstellt, geet un d’Unicef „Hëllef fir d’Kanner an der Ukrain“. Souwuel wi den Abbé Marco Wehles wi och de Buergermeeschter Marco Schank an hire jeweiligen Rieden erviergestrach hun, konnten die eifrig Fraen a Mammen no zwee Joer Pandemie mat hirem Fest eppes positives Bewierken, fir d’Leit no deser laanger Zäit nees beieneen ze kréien. Duefir gehéirt hinnen Alleguerten, Respekt an Unerkennung fir hirt Engagement déi sech och duefir asetzen fir noutdierftig Kanner ze ënnerstëtzen. Eng Traditioun, déi an Zukunft och weidergefuert soll gin, an och vum néidigen Erfolleg soll belount gin.