
Operamus a.s.b.l. ass eng Vereenegung fir Lëtzebuerger Bünewierker bekannt ze maachen, respektiv op ze féieren.
De Verkaf vun der duebeler CD vum Serge Losch senger Musical-Oper I.N.R.I. huet no enger schwéierer Ulafzäit bescheide 6.750 € erabruecht, déi integral un d’Kriibsfuerschung gespent ginn. Et sinn nach CDen ze kréien. Den Erléis ass integral fir d’Kriibsfuerschung, déi op Frënn vun der Musek an Hëllefsbereetschaft waarde fir datt dës Spendenaktioun ka widderholl ginn.
D’Direktesch vun der Kriibsstëftung (Fondation Cancer), d'Madamm Lucienne Thommes, huet net nëmmen alle Bedeelegte vun Operamus, ma och all deene Leit, déi eng CD kaf hunn a leider net eenzel ugeschriwwe kënne ginn, e grousse Merci gesot.