Hockey Federation Luxembourg
2.399 € fir d'Fondation Cancer

D’Hockey Federation Luxembourg ënnerstëtzt d’Fondation Cancer, andeems si den Erléis vum Royal Hockey Tour 2022 spenden. De Royal Hockey Tour ass en Tournoi, wou sech Ekippen aus ganz Europa fir de gudden Zweck versammelen.
Dank dëser Aktioun konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 2.399 € iwwerreecht ginn. D’Claudia Gaebel huet allen Bedeelegten, wärend der Scheckiwwerreechung, häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d'Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.
Am meeschte gelies