Spëtzekandidat ass den aktuelle Buergermeeschter Jeannot Fürpass.

Mat op der Lëscht sinn och nees d'aktuell véier CSV-Conseillere mat der Marianne Baustert-Berens, der Anouk Boever-Thill, dem Claude Clemes an dem Michel Martins De Sousa. Op der Monnerecher CSV-Lëscht si siwe Fraen a sechs Männer.

Net méi mat an d'Gemengewale geet d'Deputéiert Nancy Kemp-Arendt, déi 2017 Zweetgewielt op der CSV-Lëscht war, mä dräi Joer drop als Schäffen demissionéiert hat.

Aktuell gëtt Monnerech vun enger CSV-DP-Koalitioun geleet, wou d'CSV fënnef Mandater huet an d'DP der zwee, an domat och déi zwee Schäffe stellt.

Hei déi komplett Lëscht

  • Jeannot FÜRPASS
  • Marianne BAUSTERT-BERENS
  • Steve BERNART
  • Anouk BOEVER-THILL
  • Claude CLEMES
  • Orietta FAGIANI
  • Tom FELIX
  • Michel MARTINS DE SOUSA
  • Joëlle MONNERS-SABATINI
  • Sonia MOREIRA GONCALVES
  • Frank ROLGEN
  • Colette SCHELLER-LEHNEN
  • Marianne WEISGERBER