D’Sektioun Gemeng Monnerech vun der LSAP huet de 16. Dezember hir Kandidatelëscht fir d’Gemengewale vum 11. Juni 2023 virgestallt an unanime votéiert.

Spëtzekandidatin ass d’Christine Schweich ép. David.

Weiderhi sinn och déi véier aktuell Gemengeconseillere John Vanrijswick, Danielle Bastian ép. Juchem, René Pizzaferri an Dany Hardt ép. Kersch op der Lëscht.

Op der Lëscht stinn 8 Fraen a 5 Männer. D'Altersmoyenne läit bei 46 Joer.

Hei déi komplett Lëscht

  • Christine SCHWEICH ép. DAVID
  • Danielle BASTIAN ép. JUCHEM
  • Anne BECKER
  • Silvia BRESCIA ép. PICCARIELLO
  • Anne Mathekowitsch ép. LEYERS
  • René PIZZAFERRI
  • John VAN RIJSWIJCK
  • Olivier BOHLER
  • Carlo GAGGIOLI
  • Cheryl MARX ép. THEIS
  • Anne MERTENS
  • Dany HARDT ép. KERSCH
  • Maurice SCHWARZ