D'CSV Kielen huet e Méindeg an enger ausseruerdentlecher Generalversammlung d'Lescht vun hire Kandidate fir d'Gemengewale vum 11. Juni 2023 presentéiert.

Spëtzekandidat ass deemno nees den aktuelle Kielener Buergermeeschter Félix Eischen. Och de Schäffe Romain Kockelmann an déi dräi Gemengeconseilleren Natascha Koch, Guy Breden a Guy Kohnen stinn op der Lëscht.

Zu Kielen ass d'CSV mat fënnef Mandater an enger Koalitioun mat der LSAP, déi dräi Conseilleren stellt.

Hei déi komplett Lëscht

  • EISCHEN Félix,56
  • BINCK GESCHWIND Cheryl, 32
  • BREDEN Guy, 52
  • DOS SANTOS MACIEL Paula, 57
  • KOCH Natacha, 39
  • KOCKELMANN Romain, 62
  • KOHNEN Guy, 68
  • MARTINO Antonio, 53
  • PIRES Sylvie, 39
  • THILL Felix, 29
  • TRIGO Filipe, 24
  • URBING Kevin, 37
  • VAN WISSEN Pauline, 55