
© RTL Archiv
D'Altersmoyenne läit bei 45 Joer, dat bei 12 Männer a 7 Fraen.
Mat der Déifferdenger LSAP läit en Dënschdeg eng weider Lëscht fir d'Gemengewale vir. Rieds geet do vun enger gréng-schwaarzer Gemengepolitik, déi agerascht wier an et gëtt méi Respekt fir Déifferdeng gefuerdert.
Déi 19 rout Kandidate gi vun engem Quartett ugefouert, wou mam Guy Altmeisch just ee vun de 4 aktuelle Conseilleren dran ass. Aner Spëtzekandidate sinn d'Catia Pereira, d'Zenia Charlé an den Thierry Wagner.
D'Conseillere Fred Bertinelli, den Éischtgewielten Erny Muller a Pierre Hobscheit sinn awer och op der LSAP-Lëscht vertrueden.
D'Altersmoyenne läit bei 45 Joer, dat bei 12 Männer a 7 Fraen. D'Déifferdenger LSAP-Sektioun leescht sech nieft den 19 Kandidate souguer zwee männlech Reserv-Leit.
2018 haten d'Déifferdenger Sozialiste knapp 19% vun de Stëmme krut a waren domat knapp hannert d'CSV gerëtscht, déi mat deene Gréngen eng Koalitioun forméiert hunn.
Hei déi komplett Lëscht
- Guy Almeisch, 64
- Catia Pereira, 35
- Thierry Wagner, 49
- Zenia Charlé, 28
- Luana Beiros de Sousa, 25
- Fred Bertinelli, 62
- Manuel Da Silva, 56
- Sandra Da Silva Salgado, 35
- Joe Dahm, 27
- Pascal Hansen, 52
- Pierre Hobscheit, 38
- Caroline Huberty, 31
- Claudine Krippler, 48
- João Miguel Lagoinha Reboredo, 47
- Alexandra Marcelet-Reichmann, 48
- Erny Muller, 74
- Admir Pucurica, 43
- Michel Scheuren, 58
- Raphaël Scheuren, 30
Reserv-Kandidaten:
- Hjalmar Kielgast, 45
- Eric Werecki, 43