
10 Männer an 9 Frae presentéiert d'CSV an der Minettemetropole dem Wieler. Zesumme hu si eng Altersmoyenne vun 41 Joer.
2018 huet d’CSV zu Esch mat 31 Prozent vun de Stëmmen de Buergermeeschterstull iwwerholl. En Dënschdeg den Owend huet d’Sektioun hir Lëscht mat de 19 Kandidaten ofgeseent, déi sou "villsäiteg ass ewéi d’Mënschen an der Stad selwer." Esou huet et de Buergermeeschter a Spëtzekandidat Georges Mischo d'Lëscht beschriwwen.
Nieft dem Député-Maire sinn och d’Schäffe Christian Weis an André Zwally op der Lëscht, grad wéi och déi dräi aktuell Conseillere Bruno Cavaleiro, Catarina Simoes a Jacques Müller. De Schäffe Frunnes Maroldt, deen 2017 Drëttgewielte war, war nëmme kuerz no de Walen am Alter vun 65 Joer gestuerwen.
Sou stellt d’Escher CSV dann och 13 nei Gesiichter op, déi sech eng éischte Kéier dem Wieler stellen. Op der Escher CSV-Lescht ass d’Altersmoyenne 41 Joer. Et stelle sech 10 Männer a 9 Fraen de Wieler.
Aktuell huet d’CSV 6 Mandater am Conseil vun der Minettemetropole– genee sou vill wéi d’LSAP, déi Gréng hunn der 3, d’DP 2 Sëtz.
Hei déi komplett Lëscht
- Georges MISCHO, 48
- Pascal BERMES, 53
- Bruno CAVALEIRO, 47
- Cindy DENUIT, 41
- Paul-Marc DREIS, 28
- Robert dit Bob KIRSCH, 44
- Sarah MOREIRA, 27
- Jacques MÜLLER, 59
- Dejvid RAMDEDOVIC, 43
- Manette dit Manon SCHMIT, 42
- Catarina SIMOES, 38
- Aaliyah SOARES, 21
- Sindy STUTEMAS ép. WOLF, 52
- Annick THILL ép. PICA, 34
- Nathalie TORRES, 48
- Christian WEIS, 36
- Max WEISGERBER, 25
- Joy WEYRICH, 34
- Andre ZWALLY, 67