"Fir sech anzegestoen, dass een déi Krankheet huet, ass ganz schwéier"
Zimmlech opgereegt, mä iwwerzeegt a mat engem frëndleche Laachen, erzielt eis d’Christine Fandel hir Geschicht. D'Fra vun 38 Joer lieft mat Schizophrenie.
Viru gutt 15 Joer ass d’Christine Fandel wéinst hiren Halluzinatiounen a Wanvirstellungen eng éischte Kéier bei de Psychiater gaangen. Hei krut si Medikamenter verschriwwen, ouni genee gesot ze kréien, firwat. Aus deem Grond huet si dës och laang net ageholl, bis sech déi psychesch Krankheet verschlëmmert huet, d’Christine sech ëmmer méi isoléiert huet an dunn iergendwann huet missen hospitaliséiert ginn. Eréischt am Spidol gouf si mat der Diagnos Schizophrenie konfrontéiert. "Fir bis op dee Punkt ze komme, wou ee seet, ok, ech huele lo eppes wouer, mä et ass net richteg, dat ass e grousse Schrëtt an e laange Wee."
Schizophrenie dierf een net mat enger dissoziativer Identitéitsstéierung verwiesselen. Eng Schizophrenie kann ënnerschiddlech Symptomer ausléisen. An der Haaptsaach ënnerscheet een tëscht positiven, negativen a strukturelle Symptomer. Beim Christine Fandel hänkt d’Psychose mat Waniddien zesummen. Mol ass si iwwerzeegt, si wier op enger Missioun a misst d’Welt retten, mol mengt si, aner Leit kéinten hir Gedanke liesen a wieren hir béis, wa se zum Beispill Frechheeten denkt. De geneeën Ausléiser fir hir Schizophrenie kennt d’Christine Fandel net.
"Tout le monde peut être atteint."
Schizophrenie ass eng psychesch Krankheet, déi jidderee ka kréien, erkläert d’Dokter Sophie Hédo. Si ass Psychiaterin an Direktesch vun "D’Ligue". An der Reegel géifen éischt Symptomer schonn am jonken Alter, tëscht 15 a 25 Joer, optrieden. Ursaache kéinte genetesch bedéngt sinn, mä och Stresssituatiounen, traumatesch Erliefnisser an och Cannabis kéinten eng Schizophrenie ausléisen.
Duerch d’Medikamenter kann een aus den Informatiounen, déi d’Gehier kritt, nees méi en normale Sënn maachen.
Et weess een och, datt bei schizophrene Leit, den Dopaminausschoss am Gehier ze grouss ass. Doduerch kritt d’Gehier ze vill Informatiounen an ass iwwerfuerdert. Mat Medikamenter kënnen d’Dopaminrecepteuren op der Gehierzell blockéiert ginn. Et hëlleft de Patienten, hir Gedanken besser ze sortéieren.
Fréierkennung ass wichteg.
Et gëtt geschat, datt eng Persoun op 100 schizophren ass. Wat een d’Krankheet méi fréi erkennt, wat ee se besser mat Hëllef vu Medikamenter, mä och Psychotherapië behandele kann. Schizophrenie ass net wierklech heelbar, et schwätzt een éischter vu "Rétablissement".
"Och wann ech anescht sinn, sinn ech awer genee sou vill wäert, wéi déi aner Leit"
D’Christine Fandel huet geléiert, mat hirer Schizophrenie ze liewen, a sech net méi dofir ze schummen. Si geet schaffen a gëtt och an hirem Ëmfeld trotz psychescher Krankheet akzeptéiert an och ënnerstëtzt. Dofir ass si ganz dankbar. Si hofft mat hirem Temoignage, d’Gesellschaft nach méi fir dës Tabu-Krankheet kënnen ze sensibiliséieren an opzeklären.
La schizophrénie – Ce n’est pas ce que tu crois.
Opkläre wëll och de "D'Ligue" zesumme mam Gesondheetsministère. Dofir gouf eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert, déi ee Joer soll daueren. D’Zil ass et iwwert d’Krankheet z’informéieren a géint Stigmatisatioun virzegoen. Speziell fir d’Campagne gouf den Internetsite www.prevention-schizophrenie.lu en place gesat an eng Broschür an Affichen erausbruecht.