Normalerweis sëtzen déi 5 zesummen am Studio fir d'Welt auserneen ze huelen a wéi e Puzzle nees zesummen ze setzen. Zanter enger gudder Zäitchen geet dat awer net méi aus de bekannte Grënn. Mëttlerweil huet jidderee geléiert mat deene neien Medien ëmzegoen a mir huelen no laanger laanger Zäit nees Kontakt op, fir ze kucke wéi et hinnen geet.
Am Homeoffice de Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp an de Gérard Valerius.

26-04-2020 5 vir 12 - Bleift doheem

Dat war de "5 vir 12" ënner dem Thema "Bleift doheem" a si hunn dat och gemaach. Bäigeschalt waren den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.