Zu Ettelbréck huet dem Luc Holtz seng Fussballkarriäre ugefaang. Schonn als klenge Bouf huet sech alles ronderëm dat ronnt Lieder gedréit an d'Schoul war Niewesaach. De Wonsch fir Profi ze ginn huet e fréi missten begruewen, awer um Terrain fillt e sech och als Nationaltrainer richteg wuel.
An der RTL City zielt hien dës Woch dem Dan Spogen, wéi eng international Veräiner bei him ugeklappt hunn, wéi een en Training ouni Bäll ofhält, op hien en Tattoo huet a wéi hien an der Zäit Vokabelen geléiert huet. Mat um Ball d'Shari Schenten, Raoul Roos a Patrick Kayser. Piano: Erny Delosch

20-09-2021 RTL-Afterwork Luc Holtz (Meindeg)

Muer um 17h20 zielt de Luc Holtz, firwat et mat de Vertrieder vun der Press zu Spannungen komm ass

RTL

De ganze Podcast gëtt et e Samschdeg. A wann der nach méi vum Afterwork wëllt.