Den Ed Goedert huet Bensin am Blutt. An dat huet schonn alles ganz fréi ugefaange. Do wou anerer nach mam Vëlo gejauft sinn, souz hien schonn hannert dem Steierrad. Op sengem Wee huet den Ettelbrécker vill grouss Nimm kenne geléiert wéi Ross Brawn, Flavio Briatore an den fréieren belsche Kinnek Albert, mat deem hien eng perséinlech Frëndschaft verbënnt. An der RTL City verzielt hien dem Dan Spogen, Patrick Kayser, Raoul Roos a Shari Schenten iwwer säin 60ten Gebuertsdag, seng Vollen an der éischter Klass a säin neit Buch "Route(s)" dat am November erauskënnt. Piano: Erny Delosch

27-09-2021 RTL-Afterwork Ed Goedert (Meindeg)

Muer um 17h20 zielt den Ed Goedert firwat en net Pilot ginn ass

RTL

De ganze Podcast gëtt et e Samschdeg. A wann der nach méi vum Afterwork wëllt.