Dat ganzt Land ass an all deene Joren am Bistrot de la Presse beim Heidi an- an ausgaangen. A well d'Chamber direkt vis-à-vis läit, huet och alt mol méi wéi eng Kéier sech en Deputéierten do verlaf. Net weit hätt och de Grand-Duc et gehat, a vun deem senger Famill e sëllegen Fotoen un der Mauer houngen. Den Dan Spogen, Mike Fandel an d'Shari Schenten hunn do natierlech missten nohaken. Piano: Erny Delosch

19-10-2021 RTL-Afterwork Heidi (Denschdeg)

Muer um 17h20 zielt d'Heidi wat den eigentlechen Beruffswonsch war

RTL

De ganze Podcast gëtt et e Samschdeg. A wann der nach méi vum Afterwork wëllt.