Vum Lampertsbierg iwwer München bis op London an zréck op Lëtzebuerg. Dat sinn déi wichtegst Etappen vum Sumo. Wéi aus engem Sprayer en bekannte Kënschtler gëtt, deen haut iwwerall gefeiert gëtt huet hien dem Shari Schenten, Mike Fandel, Raoul Roos an Dan Spogen verzielt. An opgefall ass dat d'Gebuert vun sengen 3 Kanner mat senge Meilesteng ze dinn huet, wou säin berufleche Wee op der Kräizung an eng aner Direktioun gaange ass. Um Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

20-11-2021 RTL-Afterwork Sumo (Samschdeg)

Nächst Woch géint 17h20 ass et um Bob Jungels, deen och iwwer seng 2 Hënn a seng duerchdriwwen Kandheet schwätzt

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes. A wann der nach méi vum Afterwork wëllt.