Dass de Bob Jungels en Ass um Vëlo ass, weess zu Lëtzebuerg all Kand. Am Bistrot de la presse zielt de Proficycliste vu Rolleng bei Miersch dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten firwat de Choix op de Vëlo gefall ass an dass en ëmmer schonn Leaderqualitéiten hat, och an der Sandkëscht.
Hien zielt vu senger Frëndin, senge Muppen, dem Nuetsliewen, firwat e sech gär gutt kleet an op een och eppes ënner der Renncombinaison undeet. Piano: Erny Delosch

22-11-2021 RTL-Afterwork Bob Jungels (Meindeg)

Muer géint 17h20 gëtt de Bob Jungels zou, dass en gär mol bis 6 an der Disco war an um 8 nees op de Vëlo geklomme ass fir ze trainéieren

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes. A wann der nach méi vum Afterwork wëllt.