De 14. Februar 1978 war de Fernand Boden vun Iechternach an d'Chamber komm. Bei der Europawal den 10. Juni 1979 gouf hien zum Member vum europäeschen Parlament gewielt, awer do war hien just een Dag vum 17ten op den 18ten Juli 1979, well hien schonn de 16. Juli 1979 als Educatiounsminister an Tourismusminister an déi 5t Regierung Werner beruff gi war. Ronn 30 Joer huet de Fernand Boden sech als Minister fir d'Land agesat, ier hien nach emol vun 2009 bis 2013 fir seng Partei um Krautmaart souz.
Direkt vis-à-vis, am Bistrot de la Presse war hien zimmlech gespréicheg beim Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten. Piano: Erny Delosch.

02-07-2022 RTL-Afterwork: Fernand Boden (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h20 ass et um Cyclist Pascal Triebel, deen och nach mat 56 Joer all Dag um Vëlo sëtzt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.