De Pascal Triebel ouni Vëlo kann ee sech net virstellen. Et gëtt keen Dag wou hien, och mat 56 Joer, net drop klëmmt fir seng Kilometeren ze dréinen. Am Bistrot de la Presse geet et awer manner ëm d'Coursen déi hien gewonnen huet mä hien zielt dass en souguer eng Kéier eng Geess oder säin Gewiicht am Zocker als Präis krut. Hien verréit dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi hien ëm seng Fra gekämpft huet, dass hien keng Drëps Alkohol verdréit a firwat hien eng Doppingkontroll sause gelooss huet. Piano: Erny Delosch

04-07-2022 RTL-Afterwork: Pascal Triebel (Meindeg)

Muer géint 17h20 erënnert den Pascal Triebel sech un e puer gelungen Doppingkontrollen vun deenen schonn vill rieds goung

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.