De Romain Richer kënnt vu Käerjeng an ass elo Paschtouer mat Jeans an Turnschlappen zu Ettelbréck. Mat 19 Joer hat hien sech d'Fro gestallt a wéi eng Richtung säin perséinleche Wee féiert. Zanter 2011 ass hien Aumônier bei der Landjugend an de Jongbaueren. Um Ufank hat hien mam Clierfer Dialekt seng Probleemer, awer och mat den Aarbechten um Bauerenhaff an de Béischten. Am Bistrot de la Presse huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och verzielt wéi hien Bekanntschaft mam Poopst gemaach huet, dass hien Pavarotti a Lady Gaga lauschtert an dass hien Héichtenangscht huet. Piano: Erny Delosch

11-07-2022 RTL-Afterwork: Romain Richer (Meindeg)

Muer géint 17h20 verréit de Romain Richer, wéi hien de Poopst Franziskus begéint huet, an op hien sech och virstelle kéint eng Kéier zu Roum seng Plaz z'iwwerhuelen

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.